Vëlossport109. Editioun vum Giro d`Italia mat Optakt a Bulgarien

Tom Flammang
Tëscht dem 8. an 31. Mee sinn 3.459 Kilometer a 49.150 Héichtemeter ze fueren. Spannend 21 Etappen ze erwaarden.
© MASSIMO VALICCHIA/NurPhoto via AFP

Een Zäitfuere vu 40 Kilometer an der Toskana, eng ganz Rei Chancë fir d`Sprinter an eng extrem schwéier drëtt Woch.

Um Méindeg gouf zu Roum de Parcours vum Giro d`Italia 2026 presentéiert. Nodeems den Depart dëst Joer an Albanien war, geet et nächst Joer zu Nessebar um schwaarze Mier a Bulgarien lass. Déi éischt 3 Etappe ginn a Bulgarien gefuer, déi éischt an déi drëtt dierfte fir d`Sprinter sinn. Dono baut sech nom éischte Roudag d`Schwieregkeet vun der Course lues a lues op. Op der 7. Etapp sinn op deem längsten Dag 246 Kilometer vun der Westküst duerch d`Abruzzen bis op Blockhaus ze fueren. Nom zweete Roudag steet dat eenzegt Zäitfueren um Programm. An der der Toskana sinn da 40,2 flaach Kilometer fir d`Spezialiste programméiert. An d’Alpe kënnt de Peloton Enn der zweeter Woch mat enger brutaler Etapp iwwer 133 Kilometer a 4400 Héichtemeter mat der Arrivée zu Pila. Déi lescht Woch dierfte ganz vill Changementer am Generalklassement ze erwaarde sinn. Wéi fir de Giro gewinnt, kënnt eng schwéier Biergetapp no der anerer. D`Entscheedung dierft an den Dolomiten falen. Déi lescht Deeg ginn d’Etappen zu Cari an der Schwäiz, an zu Piani di Pezzè in Alleghe a Piancavallo an Italien mat Arrivéeën um Sommet op en Enn. Um leschten Dag zu Roum ass et dann nach eemol un de Sprinter.

Dëst Joer hat de Simon Yates den Giro op der leschter Biergetapp gedréint an war de jonke Mexikaner Isaac del Toro nach aus dem rosa Maillot gefuer. Dat war um zweetleschten Dag vun der Course.

Back to Top
CIM LOGO