De Parcours geet ewéi gewinnt iwwer 42,195 Kilometer vun der Lux Expo/the Box um Kierchbierg iwwert de Lampertsbierg, Belair, Märel, Hollerech, d’Gare an de Stadzentrum erëm zeréck op de Kierchbierg. Et gi sech ronn 16.000 Leeferinnen a Leefer aus 38 Länner erwaart. Och dëst Joer ass d’Stad de ganzen Dag iwwer accessibel. 41 points de passagen erlaben och den Automobilisten duerch d’Stroossen ze kommen. Den Tram an och Navette vum P+R Bouillon a Luxembourg-Sud fonctionnéieren de ganzen Dag. Méi Infoen ginn et op der Hotline 4796-3846 an op www.ing-night-marathon.lu.

Den zweemolegen Gewënner John Komen geet och 2019 zu Lëtzebuerg un de Depart a probéiert säin eegene Streckerekord vun 2:12:57 aus dem Joer 2016 ze briechen. Bei den Dammen heescht d’Favoritin ënnert anerem Betty Chgepkwony. Aus Lëtzebuerger Siicht hunn de Champion 2018 Philippe Gillen, de Laurent Reichling an de Bertil Muller déi beschte Chancen.
Ronn 100.000 Spectateuren ginn an der Stad erwaart. 72 Musk “hot-spots” si geplangt a ronn 300 Samba Museker, 8 portugisesch Folklorgruppen, 8 Blosorchester an 9 DJs suerge fir d’Stëmmung.
Um 18.10 Auer ass och den Depart vun der 3.Editioun vum “Roll & Run” um Glacis an engem Zirkuszelt. All Mënsch op Rullen (ausser motoriséiert Rollstill, Skates a Cyclisten) dierfen do matmaachen. En Highlight ass ewéi an de leschte Joren de LEO Light Village an der Péitruss.

Disziplinnen:
Marathon 42,195 Km
Hallefmarathon 21,0975 Km
Team Run Staffel vu 4 Athleten
5k Run Success
Mini a Miniminimarathon fir Kanner 4,2 an 1 Km
Roll & Run 4,3 Km an 8,6 Km