
An der héchster europäescher Clubkompetitioun Euroleague ass déi franséisch Ekipp Flammes Carolo vertrueden a mat hir och d’Lëtzebuerger Basketspillerin Dionne Madjo, déi nach virun zwee Joer fir Schieren gespillt huet. Si konnt um Mëttwoch 6 Punkte bei der 82:54-Victoire géint Sopron Basket (Ungarn) markéieren.
Fir déi 18 Joer al Nowuessspillerin war et den Debut an der Euroleague an domat op der grousser europäescher Bün.
Meynadier a Simon am EuroCup am Asaz
Mam Magaly Meynadier an dem Anne Simon sinn zwou weider Lëtzebuerger Spillerinnen op europäescher Bün aktiv. Um Mëttwoch hunn d’Saarlouis Royals sech fir den Optakt vum EuroCup an eegener Hal mat 73:81 géint Emlat Konut (Tierkei) geschloe ginn. D’Meynadier koum op 8 Punkten an 23 Minutte Spillzäit.
Um Donneschdeg konnt sech d’Anne Simon mat Magnolia Campobasso zum Optakt vum EuroCup auswäerts a Kroatien däitlech mat 96:44 géint Tresnjevka duerchsetzen. D’Lëtzebuergerin koum op 7 Punkten a ronn 22 Minutte Spillzäit. Nächst Woch geet et fir d’Spillerinne weider mam zweete Match vun der Kompetitioun.