
De brittesche Cyclist Finlay Tarling ass bei engem schlëmmen Accident op der 8. Etapp vum Tuer duerch Portugal, op der Stredck tëscht Melgaco a Fafe, ëm d‘Liewe komm. Wéi de portugisesche Sender RTP, deen d'Course iwwerdréit, gemellt huet, soll de Tarling frontal mat engem Won, deen entgéint koum an näischt mat der Course ze dinn hat, kollidéiert sinn.
D'Course gouf 20 Kilometer viru Schluss ofgebrach an aus Respekt gouf och op de Podium verzicht. Seng Ekipp NSN Development Team, un deem sech de fréiere Barcelona-Star Andres Inesta bedeelegt huet, huet den Doud vum 19 Joer ale Waliser confirméiert a senger Famill hiert d'Bäileed ausgeschwat. Säi Brudder Josh fiert fir Netcompany-Ineos.
"De Fin war e Member vun eiser Ekipp, mat deem jidderee frou war. Awer nach méi wichteg: Hie war e Jong, e Brudder an e Kolleeg fir esou vill Leit. Hie wäert vu ville vermësst ginn", heescht et vun der Ekipp an de Soziale Medien.
Och de portugisesche Premier Luis Montenegro huet dem Finlay Tarling senger Famill säi Bäileed ausgeschwat.