Dëschtennis-Tournoi zu Vila Nova de Gaia2. Plaz fir Ni/Mladenovic am gemëschten Dubbel
E Samschdeg waren d'Lëtzebuerger Ni Xia Lian a Luka Mladenovic an der Finall vum WTT Feeder Vila Nova de Gaia a Portugal gefuerdert.
Hei huet sech de Lëtzebuerger Duo misse mat 1:3 (-9, 8, -2, -3) an de Sätz géint d’gemëschte Koppel Zhou/He aus China geschloe ginn.
Domadder schléisst den FLTT-Duo den Tournoi am Dubbel mixed op der zweeter Plaz of.
PDF: Schreiwes vun der FLTT