NFL - Week 749ers bleiwen ongeschloen, 1. Interception fir Russell Wilson

RTL Lëtzebuerg
Zimlech däitlech konnten d'Cowboys sech géint d'Eagles an d'Chiefs géint d'Broncos duerchsetzen.
© AFP

San Francisco 49ers - Washington Redskins 9:0

Et waren d'Verdeedegungen, déi beim Match tëscht enger vun den aktuell beschten Ekippen an der NFL an enger vun de schlechtsten dominéiert hunn. Esou si ganzer 0 Punkten an der éischter Hallschent gefall an et war laang alles op. Och an der zweeter Hallschent hunn d'Fans keen Touchdown ze gesi kritt, déi eenzeg 9 Punkten, déi gefall sinn, huet de Kicker vun de 49ers Robbie Gould markéiert, datt mat 3 Treffer aus 4 Versich. Säi Géigeniwwer Dustin Hopkins huet säin eenzege Versuch net duerch d'Pottoe kritt. Domadder wannen d'49ers knapp a bleiwe mat 6 Victoiren aus 6 Matcher weider ongeschloen.

Baltimore Ravens - Seattle Seahawks 30:16

A 6 Matcher hat de Russell Wilson net eng Pass gehäit, déi vum Géigner konnt ofgefaange ginn. Ma dat huet sech am zweete Quarter vum Match géint d'Ravens geännert. D'Seahawks waren 10:6 vir, wéi eng Pass fir de Brown net bei him ukoum, mä vum Peters ofgefaange gouf. Deen huet de Ball iwwer 67 Yards bis an d'Endzone gedroen a sou seng Ekipp a Féierung bruecht. Virun der Paus hunn d'Seahawks nach op 13:13 ausgeglach. Ma déi zweet Hallschent huet de Ravens an hirem ganz staarke Quarterback Lamar Jackson gehéiert. Seng Passe waren net esou geféierlech, ma hien huet vill mam Laf gutt gemaach. 14 Mol ass hie gelaf, datt fir 116 Yards an huet dobäi och en Touchdown markéiert. Esou Konnte si 17 Punkten an der zweeter Hallschent maachen an de Seahawks sinn der just 3 gelongen, esou datt sech d'Ravens kloer mat 30:16 konnten duerchsetzen.

Philadelphia Eagles - Dallas Cowboys 10:37

De Cowboys hir Saison huet scho vill Héichpunkten a vill Déifpunkte gehat. Si hu mat 3 Victoiren um Stéck ugefaangen, dono awer 3 Néierlage kasséiert. Sech e bëssen aus der Kris gekämpft hu si sech elo géint Eagles. Si hunn déi éischt Hallschent richteg dominéiert a si mat 27:7 an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent war hir Attack net méi esou staark, just nach 10 Punkten hu si gemaach, ma hir Defense huet der grad emol 3 zougelooss. Opfälleg bei de Cowboys war dann, datt si Offensiv vill Ofwiesslung erabruecht hunn. Esou goufen hir 4 Touchdowns vu 4 verschidde Spiller markéiert an hire Kicker huet mat enger 3/3 Bilanz och perfekt ofgeschloss. Déi kloer 37:10 Victoire war ni a Gefor.

Kansas City Chiefs - Denver Broncos 30:6

Eng Victoire an awer e grousse Réckschlag gouf et fir d'Kansas City Chiefs schonn en Donneschdeg. Si hu kloer de Match géint d'Broncos gewonnen, dat mat 30:6, mat hire Star-Quarterback Patrick Mahomes huet sech um Knéi blesséiert an huet missten am zweete Véierel erausgoen. Säi Backup Matt Moore huet iwwerholl an e gudde Match gemaach. 10 vun 19 Bäll sinn ukomm, hien huet eng Touchdownpass gemaach e kee Ball vun him gouf ofgefaangen. Schlecht Noriicht fir d'Fans vun den Chiefs, de Mahomes wäert wuel ongeféier ee Mount, also 4 Matcher, ausfalen. An dëser Zäit muss de Moore d'Ekipp um Lafen halen, fir datt si weider nach eng Chance op d'Playoffs hunn.

E gudde Kick-Return gouf et dann am Match vun de Saints géint d'Bears, wou d'Bears de Ball vun der -2 Yardlinn an d'Endzone bruecht hunn... Nach besser wéi de Retourn-Laf selwer war dann awer d'Kameraastellung, déi dëse gefilmt huet...

Trotzt dësem super Touchdown hunn d'Bears awer doheem géint d'Saints verluer.

D'Resultater am Iwwerbléck

Chiefs - Broncos 30:6

Rams - Falcons 37:10

Dolphins - Bills 21:31

Jaguars - Bengals 27:17

Vikings - Lions 42:30

Raiders - Packers 24:42

Saints - Bears 36:25

Texans - Colts 23:30

Cardinals - Giants 27:21

49ers - Redskins 9:0

Chargers - Titans 20:23

Ravens - Seahawks 30:16

Eagles - Cowboys 10:37

Um Méindeg den Owend mussen d'Patriots nach zu New York bei den Jets untrieden.

Back to Top
CIM LOGO