
E Samschdeg huet am nationalen Dëschtennis déi nei Spillzäit ugefaangen. Déi viregt Saison ass jo wéinst der Coronakris net op en Enn gespillt ginn, Diddeleng gouf um gréngen Dësch Champion. Iwwerdeems ass och keen an der viregter Saison ofgestigen. Eng speziell nei Spillzäit, déi deemno e Samschdeg gestart ass.