Ëmfro76,5% géint de Joachim Löw

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Majoritéit vun den däitsche Fussball-Fans ass de Löw net méi dee richtege Bundestrainer.
© Ina FASSBENDER / AFP

An enger representativer Ëmfro vun der App FanQ am Optrag vum Sport-Informatiouns-Déngscht (SID) hu 76,5% vun de Befrote géint de Löw gestëmmt. 14,5% ware fir de Bundestrainer an 49% vun de Befrote sinn der Meenung, dass d'Nationalmannschaft e schlechten oder ganz schlechten Image huet.

D'Fans wënsche sech als Nofolger vum Löw den Teammanager Jürgen Klopp vum FC Liverpool (46,2%), de Bayern-Trainer Hansi Flick (14,8%) oder den Thomas Tuchel vu Paris St. Germain (10,7%).

Wat d'Chance fir d'EM ugeet, sinn déi meescht Fans éischter skeptesch. 61,1% erwaarden een Aus virun der Halleffinall an nëmme 6,7% den Titel. Am Ganze goufen tëschent dem 11. an 13. Oktober 1.052 Futtballfans befrot.

Back to Top
CIM LOGO