Victoria RouspertResende a Rodrigues ginn, Marques a Roller kommen

RTL Lëtzebuerg
Nom 2:0-Erfolleg vu Rouspert e Sonndeg géint Hueschtert hat de Pedro Resende seng Demissioun ugekënnegt.
De Sergio Marques an de René Roller maachen den Interim.
De Sergio Marques an de René Roller maachen den Interim.

Mat Effet immédiat hunn den Trainer Pedro Resende an och den Assistent André Rodriques bei der Victoria opgehalen.

Wéi et heescht, hätt de portugiseschen Trainer dës Entscheedung aus perséinleche Grënn getraff - e puer Deeg, nodeems hie säi Kontrakt un der Sauer verlängert. E Méindeg ass hien dunn als Trainer vum RM Hamm annoncéiert ginn.

E Méindeg huet d’Victoria reagéiert a wësse gedoen, datt de Sergio Marques an de René Roller elo mol interimistesch den Job vum Trainer iwwerhuelen.

De Sergio Marques war bis elo Assistent an de René Roller Sportcoordinateur.

Si sollen duerfir suergen, datt Rouspert an der BGL Ligue bleift.

De Pedro Resende
De Pedro Resende
© RTL Archiv

Back to Top
CIM LOGO