Am Futtball ass de Paulo Gomes net méi Trainer vu Munneref. De Veräin an den Trainer gi mat Effet immédiat getrennte Weeër.

An engem Communiqué deelt de Veräin um Donneschdeg de Moie mat, dass den 23. Abrëll de Conseil d'Administration vum US Munneref decidéiert hat, de Kontrakt mam Paulo Gomes net fir déi nächst Saison ze verlängeren. Den Dag drop, also de 24. Abrëll hätt de Paulo Gomes doropshin decidéiert, seng Saachen direkt ze paken. De Co-Trainer Joris Di Gregorio hätt dat selwecht gemaach. De Club géif hir Decisioun respektéieren a seet hinne Merci fir hiert Engagement.

Keen anere wéi den Arno Bonvini iwwerhëlt elo den Trainerposten.

De Bonvini war jo bis de leschte Summer schonns Trainer zu Munneref, éier hien op Déifferdeng gewiesselt war, wou et jo och viru Wochen eriwwer war.

De Communiqué hält op mat dem Saz: "Welcome back Arno".