Beim nationale Championnat zu Schëffleng sinn dem Lëtzebuerger 21,28 Meter am Bommstoussen net duergaange fir en neien nationale Rekord.

Am Bommstoussen huet de 26 Joer ale Lëtzebuerger beim nationale Championnat e Samschdeg en neie nationale Rekord knapps verpasst. Mat 21,28 Meter ass den Athlet vum CA Bieles nëmmen 1 Zentimeter ënnert sengem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Den Titel huet hie sech awer haushéich geséchert.

Virun engem Mount konnt sech de Bob Bertemes mat enger Distanz vun 21,29 Meter fir d'Olympesch Spiller 2020 zu Tokio qualifizéieren.