Zu Nyon goufen an der Mëttesstonn Matcher vun der 3. Qualifikatiounsronn vun der Europa League gezunn.

Do spillt Diddeleng, falls si géint Shkendija aus Mazedonien weiderkommen, géint Celtic Glasgow aus Schottland oder Nõmme Kalju aus Estland.

De Progrès Nidderkuer kéint géint aus den FC Midtjylland aus Dänemark spillen, falls Si d’Glasgow Rangers eliminéieren. D'Jeunesse Esch kritt et mat FK Ventspils aus Lettland oder Gzira United FC aus Malta ze dinn, de Fall gesat, si géife géint Vitória Guimarães SC gewannen.