De Sébastien Cayotte ass vu Formatioun Schoulmeeschter a seng Passioun ass de Sport.

An ëmmer nees huet hien aussergewéinlech Iddien. Sou ass den Escher zum Beispill scho mat engem Vel'OK op Paräis oder Amsterdam gefuer.

Säin Challenge dëst Joer war deen, mat engem Escher Vel'OK an Italien ze fueren a gläichzäiteg Sue fir de gudden Zweck ze sammelen: D'Fondatioun "Kriibskrank Kanner".

Iwwer 1.500 Kilometer leien tëscht Esch a Roum. De Sébastien Cayotte ass de 6. Juli fortgefuer an ass elo e Méindeg de Mëtteg ukomm.