Glécklechen Optakt fir de lëtzebuergeschen Trainer Jeff Saibene an der 3. Bundesliga.

Den FCI konnt bei der 2:1-Victoire vun 2 Selbstgoler vum Géigner Carl Zeiss Jena profitéieren. Ingolstadt steet duerch dës Victoire um 1. Spilldag elo op der 5. Plaz an der Tabell, déi vum MSV Duisburg ugefouert gëtt.