D'amerikanesch Olympiagewënnerin huet bei den US-Liichtathletik-Meeschterschaften de Weltrekord iwwer 400 Meter Hecke verbessert.

Déi 19 Joer ale Goldmedailegewënnerin vu Rio de Janeiro ass bei den Trials zu Des Moines am Bundesstaat Iowa op enger vum Reen naasser Bunn méi séier gelaf wéi de Rekord vum Julia Petschonkina.

De Rekord vun der Russin aus dem Joer 2003 louch bei 52 Sekonnen a 34 Honnertstel, d'Muhammad huet dee gebrach an domat steet de Weltrekord elo bei 52 Sekonnen an 20 Honnertstel.