D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt hiren nächste Match an der EM-Qualifikatioun de 14. November a Serbien an engem eidele Stadion.

D'Kontroll-, d'Ethik- an d'Disziplinarkommissioun vun der Uefa, der europäescher Futtball Union, huet dat e Méindeg decidéiert, nodeems sougenannte serbesch Supporter beim leschte Match doheem géint Portugal rassistesch Gesäng vu sech ginn hunn.

Weider krut Serbien eng Geldstrof vun 33.250 Euro, esou d'dpa.