Virum Lännermatch tëscht Lëtzebuerg a Portugal e Sonndeg am Stade Josy Barthel suergt den Terrain fir Kappzerbrieches.

Schonns de leschten Donneschdeg beim Europa-League-Match tëscht dem F91 Diddeleng a Sevilla war de Wues an engem desolaten Zoustand an dësen ass zanterhier nach méi schlecht ginn.

D'Uefa huet nom Match vum F91 direkt drop higewisen, datt en Vue vum Lännermatch eppes misst ënnerholl ginn.

Déi Responsabel vun der Stater Gemeng probéieren, den Zoustand vum Terrain ze verbesseren, ma ënnert anerem d'Wieder spillt den Ament guer net mat.

Des Woch huet d'Uefa och een Expert op Lëtzebuerg geschéckt, deen d'Aarbechten um Wues soll "leeden".

D'Partie tëscht Lëtzebuerg a Portugal ass e Sonndeg um 15 Auer am Stade Josy Barthel.

Déi lescht Decisioun, ob ee Match ka gespillt ginn oder net, läit iwwregens beim Arbitter vun der jeeweileger Partie.

Desolaten Zoustand vum Terrain / Rep. Jeff Kettenmeyer

© Domingos Oliveira / RTL