Méi wéi 140 EU-Deputéiert hunn den europäesche Futtballverband Uefa opgeruff, sech méi staark géint Rassismus an de Stadionen anzesetzen.

Leschte Sonndeg hate Supporter vum FC Den Bosch bei engem Match an der zweethéchster hollännescher Liga e Spiller e puer Mol rassistesch beleidegt.

Ënnert anerem hu si Afegeräischer imitéiert a Lidder iwwert de „Zwarte Piet“ gesongen, sou eppes wéi den hollänneschen Houseker, deen an der Reegel mat schwaarzer Hautfaarf duergestallt gëtt.

Dëse Virfall wier Deel vun engem Muster an allen europäesche Kompetitiounen, dat et zanter Joerzéngte gëtt, esou déi hollännesch Deputéiert Samira Rafaela.

Protestaktioun de Weekend

Iwwerdeems plangen d'Veräiner aus der 1. an 2. hollännescher Liga, de Weekend elo wärend der 1. Spillminutt wuertwiertlech stoen ze bleiwen. Esou wëlle si een Zeeche géint déi rezent rassistesch Virfäll am Futtball setzen.