Aus dem Futtball ass et d’Nouvelle, dass de Jürgen Klopp säin Trainerkontrakt beim FC Liverpool bis 2024 verlängert huet.

Dat huet de Jügen Klopp an enger Videobotschaft op der Homepage vun de Reds matgedeelt. De fréieren Trainer vu Borussia Dortmund war 2015 bei den FC Liverpool komm, huet d'Champions League déi lescht Saison gewonnen a steet aktuell souverän un der Tabellespëtzt vun der Premier League.