Internationale Futtball
Carlo Ancelotti neien Trainer beim FC Everton

© AFP
Den Italiener Carlo Ancelotti gouf vu sengem neie Veräin FC Everton offiziell als neien Trainer confirméiert. Säi Kontrakt leeft bis 2024.
Nodeems et an deene leschten Deeg déi eng oder aner Rumeuren ëm de Carlo Ancelotti gouf, steet elo fest, dass hien e neien Trainer-Job ugeholl huet. Den Ex-Trainer vum SSC Neapel krut bei der Ekipp vum FC Everton e Kontrakt bis 2024.
Um Samschdeg de Mëtteg beim 0:0 géint den FC Arsenal souz hien awer nach net op der Trainerbank. Säin 1. Match als Trainer steet dann den 26. Dezember am Match géint den FC Burnley um Programm.
De Carlo Ancelotti gëtt domat Nofollger vum Portugies Marco Silva, deen Ufank Dezember entlooss gouf.
Am meeschte gelies