Schock op Rallye DakarMotorrad-Pilot Paulo Goncalves fält a stierft u Blessuren

RTL Lëtzebuerg
Déi weltbekannte Rallye Dakar a Saudi-Arabien huet en Doudesaffer ënnert de Piloten ze bekloen.
© Twitter Dakar Rally

Traureg Nouvellë ginn et vun der Rallye Dakar a Saudi-Arabien. De portugisesche Motorrad-Pilot Paulo Goncalves ass op der 7. Etapp gefall an ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen, dat hunn d’Organisateuren e Sonndeg de Moie matgedeelt.

Wéi d’Rettungekippen op d’Plaz ukoumen, war de Fuerer vu sech. Nodeems e mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflu gouf, konnten d’Dokteren just nach den Dout vum 40 Joer ale Portugis feststellen.

Back to Top
CIM LOGO