3 Mol huet een Eelefmeter missten ausgefouert ginn, well de Golkipp net op senger Linn bliwwen ass. 3 Mol gouf e vun 2 verschiddene Kipper gehalen.

Den Arbitter weist op de Punkt an den Duell geet un. Spiller géint Golkipp. Den Ersin Aydin vun Usak Spor AS hält den éischte Schoss, kritt awer Giel, well hien ze fréi vun der Linn gaangen ass. Resultat: De Penalty gëtt widderholl.

Nees trëtt de Stiermer vun Ergene Velimese Sporsah géint de Aydin un, nees hält dësen de Ball. Ma nees huet hien d'Linn ze fréi verlooss, kritt seng zweet giel Kaart an domadder och déi rout. Esou muss e Feldspiller fir den Eelefmeter an der Nospillzäit an de Gol, well d'Ekipp kee Wiessel méi hat.

Den Levent Aktug stellt sech op d'Linn, dat am Duell mam Stiermer. Den Aktug hat och déi gëllen Nues a spréngt an de richtegen Eck. Anescht wéi den Aydin huet hien d'Linn awer net ze fréi verlooss. Eelefmeter gehalen, Match 2:0 gewonnen an Feldspiller gëtt zum Held vum Dag.