
Direkt an der éischter Course um Freideg de Mëtteg hunn d’Lëtzebuerger direkt zougeschloen. D’Monique Olivier hat e gudden Dag erwëscht an huet d’Course dominéiert an däitlech gewonnen.
Domadder awer net genuch. Mat 2 Minutten, 15 Sekonnen a 58 Honnertstel konnt d’Monique Olivier bal dräi Sekonnen ënnert dem ale Rekord bleiwen (2:18:7), dee si selwer zu Edinburgh am Mäerz 2019 opgestallt hat.
Op d’Plazen 2 an 3 kommen d’Maise Thorton aus England an Amelie Zachenhuber aus Däitschland.
De Julien Henx, deen e Freideg de Moien iwwer 50 Meter Papillon mat 23 Sekonnen an 88 Honnertstel en neien nationale Rekord opgestallt huet, konnt déi gutt Performance nach emol toppen. An der Finall geléngt him eng Zäit vun 23 Sekonnen an 63 Honnertstel. Domadder huet hie säin eegenen ale Rekord direkt zweemol an engem Dag ënnerbueden.
D’Finall gouf vum Ukrainer Guvarov an enger Zäit vun 23 Sekonnen a 7 Honnertstel gewonnen. Op Plazen zwee an dräi koumen de Vladyslav Bukhov a de Florent Manaudou. De Lëtzebuerger huet als Véierte just knapps de Podium verpasst.
De Rémi Fabinai kënnt an der B-Finall iwwer 100 Meter Réck op déi 9. Plaz an enger Zäit vun 58 Sekonnen an 22 Honnertstel.
An der A-Finall iwwer 400 Meter 4 Nages klasséiert sech de Raphaël Stacchiotti als sechsten an enger Zäit vu 4 Minutten 31 Sekonnen an 96 Honnertstel.

De Julien Henx huet e Freideg de Moie beim Euro Meet an der Coque en neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Papillon opgestallt.
Mat 23 Sekonnen an 88 Honnertstel huet de Lëtzebuerger Sportzaldot säin ale Lëtzebuerger Rekord ëm 3 Honnertstel verbessert. Duerch dës gutt Performance huet hie sech als 4. fir d’Finall qualifizéiert, wou de Julien Henx e Freideg den Owend ënnert anerem géint d’Weltmeeschter a Weltrekordler Florent Manaudou an Andri Govorov schwamme wäert.
Den Euro Meet an der Coque dauert nach bis e Sonndeg.