ITTF World Tour Hungarian Open Budapest
Ni Xia Lian verléiert géint Nummer 3 op der Welt

© RTL-Archiv
An der Ronn vun de beschten 32 bei den ITTF World Tour Hungarian Open huet d'Lëtzebuergerin sech musse géint d'Japanerin Ito Mimo geschloe ginn.
D'Japanerin steet an der Weltranglëscht op Plaz 3 an ass bei dësem Tournoi op Plaz 1 gesat.
D'Ni Xia Lian konnt zwar gutt mathalen, ma déi eréischt 19 Joer jonk Spiller Ito Mima war spilleresch einfach eng Nummer besser. Um Enn stoung et 12-10, 11-7, 11-5 an 11-9.
Am meeschte gelies