E Freideg den Owend ass dat ronnt Lieder ënner anerem an der Bundesliga an Däitschland, an der Serie A an Italien an an der Ligue 1 a Frankräich gerullt.

Bundesliga

Bayern München - SC Paderborn: 3:2.

De Leader vun der Tabell  huet an der 25. Minutt mam 1:0 duerch de Gnabry de Score opgemaach. De Srebeny vu Paderborn kann awer no engem Feeler vum Münchener Golkipp Neuer den 1:1 schéissen an dat just virun der Paus.

An der 2. Hallschent huet de Lewandoski an der 70. Minutt den 2:1 fir Bayern getraff. Ma nëmme 5 Minutte méi spéit konnt de Michel den 2:2 maachen.

Mee zu enger Iwwerraschung sollt et um Enn awer net kommen, de Lewandowski huet an der 88. Minutt den 3:2 geschoss.

Endresultat vun enger Partie, an där Bayern net konsequent genuch an der Attack gewierkt huet an um Enn awer konnt 3 Punkte mathuelen.

Et gouf dann awer och nach eng traureg Nouvelle. Dem Streli Mamba seng Niece vu 14 Méint ass op der Tribühn am Stadion kollabéiert, ass an d'Klinik gefouert ginn mee konnt net méi gerett ginn an ass gestuerwen.

Serie A

Brescia Calcio - SSC Neapel : 1:2.

Ligue 1

FC Metz - Olympique Lyon: 0:2