Nieft der Verflichtung vum neien Trainer Christophe Ney, deelt de BBC Arantia mat, datt all hir Lëtzebuerger Spiller bleiwen.

De Pit Elcheroth wäert wéinst senge Studien op der Uni eng kleng Paus asetzen, mä der Ekipp dono direkt erëm zur Verfügung stoen.

Nei an der Ekipp sinn donieft de Gilles Poos vun den East Side Pirates, fréier och zu Hiefenech a Coupe-FLBB-Gewënner an den Donovan (Chidi) Delhommais vun der Etzella Ettelbréck, ausgeléint bei Keeldall, 19 Joer a fréieren U-16-Nationalspiller.

RTL

Gilles Poos