Dammefuttball
Racing séchert sech de Championstitel

© RTL / Sam Rickal
De Racing gewënnt um 24. Spilldag mat 3:1 géint Ell an ass domat Champion 2021/22. Mamer kann trotz enger 23:0-Victoire net méi Meeschter ginn.
De Stater Racing ka säi Championstitel aus der leschter Saison verteidegen. Duerch eng 3:1-Victoire um 24. Spilldag géint Ell an enger Avance vun 8 Punkten op den Tabellenzweete Mamer, kann d'Ekipp vum Trainer Alexandre Luthardt net méi vun der éischter Plaz verdrängt ginn. De Racing huet dës Saison nach kee Match verluer.
D'Ekipp ronderëm d'Kapitänin Julie Wojdyla huet och Chancen op den Doublé. An der Coupe steet een an den Halleffinallen. E Mëttwoch spillt ee géint d'Entente Izeg / CeBra.
De Resumé vum Spilldag vum Gilles Tricca
Am meeschte gelies