RIPOlympionik Hubert Erang am Alter vun 91 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Turner war bei den Olympesche Spiller 1952 an 1960 mat dobäi.
© Shared with permission of the family

Traureg Nouvelle aus dem Lëtzebuerger Turnsport. Den Hubert Erang ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen. De fréieren Turner war 1952 op den Olympesche Summerspiller zu Helsinki dobäi, wéi de Josy Barthel d‘Goldmedail iwwer 1500 Meter gewonnen hat. 1960 war de gebiertegen Escher mam Josy Stoffel op den Olympesche Summerspiller zu Roum.

Een Noruff op den Olympionik Hubert Erang fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Today.

Back to Top
CIM LOGO