En Donneschdeg huet de Futtballclub an engem Communiqué annoncéiert, datt den Henri Bossi Sportdirekter vum Swift Hesper gëtt.

Deemno wäert de fréieren Trainer vun der Escher Jeunesse um Holleschbierg enk mam Trainer Pascal Carzaniga zesummeschaffen. Eréischt viru kuerzem war de 64 Joer ale Bossi als Trainer vum Escher Futtballclub entlooss ginn.