Béid Matcher sinn iwwer 5 Sätz gaangen. Bei den Hären hat Bartreng déi méi glécklech Hand, bei den Dammen huet Dikrech den decisive Saz fir sech entscheet.

Dëse Weekend stoung am nationale Volleyball-Championnat bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 4. Spilldag um Programm.

Hären

Am leschte Match vum 4. Spilldag huet sech Bartreng e Sonndeg an engem enke Match mat 3:2 (26:28, 23:25, 25:19, 25:15, 15:13) zu Dikrech duerchgesat. Nodeems d'Heemekipp sech an den éischte Sätz knapp behaapten konnt, huet Bartreng de Match ausgläiche kënnen an huet och den decisive fënnefte Saz fir sech entscheet.

Iechternach hat keng Chance géint Stroossen an huet mat 0:3 (15:25, 18:25, 15:25) de Kierzere gezunn, woumat déi Stroossener weiderhin ongeschloe bleiwen.

De VC Fenteng huet doheem géint de VC Belair näischt ubrenne gelooss an huet trotz engem knapp verluerene Saz souverän mat 3:1 (25:17, 25:13, 26:28, 25:17) gewonnen.

No engem enken éischte Saz huet Luerenzweiler kuerze Prozess mam VB Amber-Lënster gemaach a sech auswäerts mat 3:0 (25:20, 25:10, 25:10) duerchgesat.

Resultater Hären

Dammen

Bei den Damme stoung e Sonndeg déi selwecht Partie wéi bei den Hären um Programm, mam besseren Ausgang fir Dikrech. De Chev huet sech a fënnef Sätz 3:2 (27:25, 18:25, 25:22, 22:25, 15:9) géint Bartreng behaapt. No véier ganz serréierte Sätz goung de fënnefte Saz zimmlech kloer un Dikrech. Wéinst der laanger Dauer vum Härematch hat d'Dammepartie méi spéit ugefaangen.

Beim Spëtzematch tëscht Mamer a Walfer kruten d'Spectateuren eng spannend Partie gebueden. Walfer konnt déi zwee éischt Sätz knapp fir sech entscheeden a Mamer ass et dono trotz dem Gewënn vum drëtte Saz net méi gelongen, d'Partie ze dréinen. Walfer gewënnt domat 3:1 (25:27, 19:25, 25:22, 22:25) zu Mamer.

Nodeems den Escher VBC den éischte Saz knapp gewanne konnt, huet d'Gym Volley d'Partie gedréint an um Enn mat 3:1 (23:25, 25:14, 25:18, 25:18) fir sech decidéiert.

Péiteng hat net vill Problemer mat Stengefort a konnt sech soumat souverän mat 3:0 (25:18, 25:17, 25:19) behaapten.

Resultater Dammen