Hien huet sech am Ally Pally zu London géint d'Teenager-Sensatioun Luke Littler behaapt.

Den neie Weltmeeschter am Darts heescht Luke Humphries. Déi nei Nummer 1 op der Welt huet sech e Mëttwoch den Owend an enger héichklasseger Finall mat 7:4 an de Sätz géint de réischt 16 Joer jonke Luke Littler behaapt.

Fir den 28 Joer ale Britt ass et deen éischte WM-Titel. Hien dierf sech iwwert e Präisgeld vu 500.000 Pond (ronn 580.000 Euro) freeën. De Junior-Weltmeeschter Littler kritt ëmmerhin nach 200.000 Pond (ronn 230.000 Euro).

Den Humphries huet mam Titel seng excellent Saison gekréint. Hien huet fir d'lescht noeneen de World Grand Prix, de Grand Slam of Darts an d'Players Championship Finals gewonnen.

De Littler huet et dogéint bei senger WM-Première verpasst, fir de Michael van Gerwen als jéngsten Champion vun der Professional Darts Corporation (PDC) ofzeléisen. Den Hollänner hat 2014 am Alter vu 24 Joer zu London gewonnen.

D'Finall hat fir de Littler net optimal ugefaangen. "The Nuke" huet op den Triple-Felder Schwächte gewisen, den Humphries huet sech den éischte Saz geséchert. Ma de Littler konnt seng Nervositéit ofleeën. De Youngster huet mat zwee High-Finishes ausgeglach - an ass an engem Duell op Aenhéicht mat 3:2 an de Sätz a Féierung gaangen. Och déi nächst dräi Legs huet sech de Littler geséchert, dunn awer huet den Humphries de Laf mam héchstméiglechen Checkout (170 Punkten) gestoppt. De Match ass e Krimi bliwwen, och de Littler huet d'170 gecheckt. Ma den Humphries huet sech net méi stoppe gelooss an huet sech no 5 gewonnene Sätz noenee mat 7:4 den Titel geséchert.

Leschte Match fir de Caller Russ Bray
D'Finall vun der Weltmeeschterschaft war och de leschte Match fir d'Stëmm vun den Darts. De Caller Russ Bray, bekannt fir seng extrem rau Stëmm, hält no dësem Turnéier bei der PDC op. Hie war bei 28 Weltmeeschterschaften dobäi an huet 14 Finallen als Caller begleet.

RTL

© AFP