Eng traureg Nouvelle kënnt aus dem Lëtzebuerger Futtball. De Jeannot Schaul ass am Alter vu 75 Joer gestuerwen.

De fréiere Spiller vun der Escher Jeunesse war ee vun de Piliere bei der erfollegräicher Ekipp vun der Grenz an de 70er Joren.

De Verdeedeger war och bei de legendäre Matcher an der europäescher Coupe vun de Championnen 1973 géint Liverpool, an 1975 géint Bayern München um Terrain dobäi.

De Jeannot Schaul huet och 1976, dat Joer an deem säi Meedchen, déi fréier Basketball-Nationalspillerin Martine Schaul gebuer ass, 4 mol fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekippe gespillt.