Dortmund weider, Atletico wënnt no Eelefmeterschéissen

© Ina Fassbender / AFP
E Mëttwochowend goufen déi zwee lescht Tickete fir d'Véierelsfinalle vun der Champions League verdeelt. Dës konnte sech de BVB souwéi Atletico sécheren.
Zënter e Mëttwochowend steet fest, wéi eng Ekippen nieft Manchester City, Real Madrid, PSG, Bayern München, Arsenal a Barcelona an de Véierelsfinalle vun der Champions League stinn.
Nom 1:1 am Allersmatch war déi Dortmunder Borussia doheem am Duell géint den Tabelleprimus aus Holland, dem PSV Eindhoven, gefuerdert. Hei huet de BVB sech op d'mannst an der éischter Hallschent gesteigert, sech duerch eng 2:0-Victoire géint d'Gäscht duerchgesat a sech domadder fir den nächsten Tour qualifizéiert.
An der zweeter Partie vun dësem Mëttwochowend tëscht dem Inter an dem Atletico Madrid ass d'Entscheedung, wie sech de leschten Ticket fir d'Véierelsfinalle séchere wäert, am Eelefmeterschéisse gefall. Dëst nodeems 120 Minutten net duergaange sinn, fir rauszefannen, wie sech qualifizéiere soll. Um Enn behält den Atletico de längeren Otem a ka sech mat 3:2 no Eelefmeteren géint den Inter duerchsetzen.
Borussia Dortmund - PSV Eindhoven 2:0
1:0 Sancho (3'), 2:0 Reus (90'+5)
Dortmund huet keng Fisematente gemaach an huet direkt voll opgedréint. Esou konnten déi Dortmunder d'Hollänner scho frei ënner Drock setzen. Dës Drockphas konnt de BVB an der 3. Minutt an e Gol ëmmënzen. Et war den Jadon Sancho, dee mat sengem Schoss aus gutt 16 Meter de Score op 1:0 setze konnt.
De PSV huet nom freie Réckschlag net an de Match fonnt. D'Hollänner konnte vu Gléck schwätzen, datt et no 20 Minutten nëmmen 0:1 aus hirer Siicht stoung an datt Brandt, Füllkrug a Co. d'Zilwaasser vergiess haten. An der 24. Minutt ass Eindhoven du fir déi éischte Kéier geféierlech virum Gol vun den Dortmunder opgedaucht, allerdéngs goufen d'Hollänner hei vum Arbitter wéinst enger Abseitspositioun zréckgepaff. De BVB huet awer weiderhin de Match geréiert an en och dominéiert. Allerdéngs ass et souwuel dem Malen an der 26. Minutt, ewéi och dem Füllkrug an der 31. Minutt net gelongen, fir de Score fir déi Giel-Schwaarz ze erhéijen. Dortmund hat am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent wuel nach e puer Occasiounen, mä et sollt mat engem 1:0 op den Téi goen.
Nom Téi waren d'Gäscht aus Holland méi bësseg, konnten awer aus dëser Bëssegkeet kee Kapital schloen. Entweder hunn, wéi beim Schoss vum Lozano an der 53. Minutt, nëmmen e puer Zentimeter gefeelt oder de Kobel am Dortmunder Gol hat eppes géint e Géigegol. De BVB houng an den zweete 45 Minutte ferm an de Seeler, mä et sollt einfach kee Ball de Wee an de Gol vun der Dortmunder Borussia fannen. An der 63. Minutt sinn déi Däitsch du fir déi éischte Kéier geféierlech virum hollännesche Gol opgedaucht, mä de Füllkrug krut net genuch Drock hannert säi Kappball, soudatt de Golkipp vum PSV de Ball entschäerfe konnt. An der 77. Minutt huet den däitschen Nationalspiller et du besser gemaach a konnt den 2:0 markéieren. Dëse vermeintleche Gol gouf allerdéngs vum Arbittertrio nees encaisséiert. Dëst well de Füllkrug aus dem Abseits de Gol markéiert huet, soudatt et bei engem 1:0 bliwwen ass. An der Nospillzäit huet de Reus dunn awer den Deckel op de Match gemaach.
Dëst nodeems den De Jong op der anerer Säit d'Occasioun hat, fir de Match ze egaliséieren. Um Enn steet en 2:0 um Bou vum Match, wat bedeit, datt d'Hollänner erausfléien an déi Däitsch en Tour weider sinn.
Atletico Madrid - Inter Mailand n.E. 3:2
0:1 Dimarco (33'), 1:1 Griezmann (35'), 2:1 Depay (87')
D'Spectateure kruten zu Madrid eng amüsant éischt Hallschent ze gesinn, an där béid Ekippen alles no vir geheit hunn a sech eng sëllege Chancë kreéiert hunn. No der knapper 1:0-Victoire vum Inter am Allersmatch war fir béid Formatiounen nach alles dran. Dëst huet een als Spectateur um Terrain gemierkt, well béid Formatiounen alles ginn hunn, fir den éischte Gol vum Dag ze markéieren. Dëse Gol sollt dem Inter an der 33. Minutt duerch den Dimarco geléngen, deen no engem séiere Virstouss eng gutt Virlag vum Barella verwäerte konnt. D'Avance vum Inter huet allerdéngs net laang gedauert. Schonn zwou Minutte méi spéit, konnt de Griezmann fir den Atletico egaliséieren. Doropshin hate béid Formatiounen nach e puer Golchancen, mä keng Ekipp konnt dës am géigneresche Gol ënnerbréngen, soudatt den Arbitter béid Formatioune mat engem 1:1 an d'Kabinne geschéckt huet.
No der Halbzeitpaus haten d'Spuenier méi vum Match, ouni dobäi allerdéngs allze zwéngend virum Gol vum Inter opzedauchen. Esou konnt de Sommer d'Chancë vu Griezmann, Llorente a Morata ouni gréisser Problemer entschäerfen. D'Italieener hu sech dogéint an der zweeter Hallschent méi schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen. De Match ass ofgeflaacht an et huet alles op en 1:1-Gläichspill tëscht de béide Formatiounen higewisen. An der Schlussphas huet den Atletico den Drock nach eng Kéier erhéicht an huet d'Italieener an hir eegen Hallschent gedréckt. Dës Drockphas gouf dunn och belount: An der 87. Minutt konnt den Depay no Virlag vum Koke de Score op 2:1 setzen, wat eng Verlängerung an dësem Match mat sech bruecht huet.
An dëser war de Match nees méi ausgeglach. Béid Formatiounen hate gutt Chancen, fir den entscheedende Gol ze markéieren, mä dëse sollt kengem geléngen, soudatt d'Entscheedung, wien an deen nächsten Tour anzéie wäert am Eelefmeterschéisse fale sollt. An dësem sollt den Atletico de längeren Otem hunn. Um Enn gewënnt Madrid am Eelefmeterschéisse mat 3:2 géint Inter Mailand.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.