Um Sonndeg gouf den entscheedenden drëtte Match an der Halleffinall tëschent Ettelbréck an Esch gespillt.

Hären - 1/2-Finallen

An der "Best-of-3"-Serie stoung et nom Mëttwoch 1:1 gläich, d'Entscheedung ass domat am 3. an decisive Match zu Ettelbréck gefall.

Ettelbréck klappt de Champion Esch a steet an der Finall.

Wei et bei de Gäscht ze fäerten war, konnt den Amerikaner Jordan Hicks an dësem Match verletzungsbedéngt net matwierken. Den Nationalspiller Thomas Grün an de Clancy Rugg hunn dofir gesuergt, dass Esch an der Ufanksphas mathale konnten. Ettelbréck huet sech bis zur Paus e Virsprong vun 9 Punkten erausgespillt (43:34). De Champion huet sech no der Paus nees méi no eru gekämpft, ass awer bis zum Schluss vun der Partie engem Réckstand hannendru gelaf. Um Enn wënnt d'Lokalekipp mat 76:63. De Philippe Gutenkauf konnt 21 Punkte markéieren, ënnerstëtzt gouf de Nationalspiller vun engem staarke Kollektiv.

De Géigner an der Finall ass d'Amicale Steesel. D'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao hat sech 2:0 géint d'Résidence Walfer duerchgesat. D'Finall gëtt am Modus "Best-of-5" gespillt, lass geet et nächste Samschdeg zu Steesel. Bei den Damme spillt de Gréngewald Hueschtert géint den T71 Diddeleng.

Dammen - 1/2-Finallen

An der "Best-of-3"-Serie stoung et nom Mëttwoch 1:1, d'Entscheedung ass domat am 3. an decisive Match zu Diddeleng gefall. Hei konnte sech d'Gäscht vu Bartreng fréi ofsetzen. Am Ufank vum zweete Véierel hate Yoerger a Co. e Virsprong vu 15 Punkten (28:13). Bis d'Paus hat sech Diddeleng e bëssen erugekämpft (30:38).
Nom Säitewiessel huet de Vize-Champion e Gang eropgeschalt. 28:10 huet d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann dëse Véierel fir sech entscheet an domat d'Kontroll vum Match iwwerholl. Um Enn wënnt Diddeleng d'Partie mat 78:61, d'Mia Loyd hat niewent 21 Punkten och nach 19 Rebounds um perséinleche Kont. D'Catherine Mreches huet 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Um Enn wënnt Diddeleng d'Partie mat 78:61

De Géigner an der Finall ass de Champion Gréngewald Hueschtert. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti hat sech mat 2:0 géint d'Amicale Steesel duerchgesat, d'Ekipp huet am Championnat dës Saison keen eenzege Match verluer a start domat als Favorit an d'Finallserie, déi am Modus "Best-of-5" gespillt gëtt.

Hären - Playdown

An der Ofstigsgrupp bei den Häre gouf um Samschdeg de véierte Spilldag gespillt. Hei ass eng Entscheedung gefall, an zwar fält de Gréngewald Hueschtert aus der LBBL eraus. No enger 76:97-Defaite géint d'Musel Pikes ka sech d'Ekipp vum Trainer Ricky Easterling net méi retten. D'Profispiller Jalen Green an Tai Bibbs hunn allebéid 27 Punkte markéiert fir d'Gäscht.

D'Kordall Steelers bleiwen no enger däitlecher 96:60-Victoire géint Mamer an der Course fir an der héchster Liga ze bleiwen. 5 Spiller vun der Lokalekipp hunn op d'mannst 10 Punkte markéiert, zwee Spilldeeg viru Schluss huet d'Ekipp vun der Trainerin Tara Booker e Réckstand vun zwee Punkten op d'Plaz an der Relegatioun.