Diddeleng klappt Käerjeng an iwwerhëlt d'Tabelleféierung

© Serge Olmo / RTL
No 60 Minutten huet sech den HBD mat 25:19 behaapt.
Am Handball-Championnat ass et e Samschdeg den Owend zum 1. Verglach am Playoff tëscht den Titelfavoritten Diddeleng a Käerjeng komm. U sech hat ee sech e spannende Match tëscht béide Formatiounen erwaart. Um Enn gouf et awer eng kloer Victoire fir den HBD. Nodeems d'Damme vun Diddeleng an der Paus mat 12:10 a Féierung louchen, hu si sech no 60 Minutte mat 25:19 behaapt. Domadder bleift Diddeleng am Playoff weider ongeschloen a steet elo och mat engem Punkt Avance op Käerjeng un der Spëtzt vun der Tabell.
D'Damme vu Käerjeng sinn um 5. Spilldag zu kengem Ament richteg an de Match komm, hunn ze vill Feeler gemaach a waren nëmmen eng Kéier déi ganz Partie iwwer a Féierung.
Am zweete Match stounge sech Déifferdeng an Dikrech géintiwwer. An der Paus louchen d'Red Boys mat 14:10 am Avantage. Dës Avance ass an de leschte Minutte vun der Partie ëmmer méi kleng ginn, ma um Enn huet ee sech nach knapp mat 22:21 duerchgesat.