Walfer a Stroossen wannen 1. Finall

© AFP (Archiv)
E Samschdeg den Owend war den Optakt vun de Finallen am Volleyball-Championnat.
Hären
An der éischter Finall vum Volleyball-Championnat bei den Hären huet den Titelverdeedeger Stroossen Bartreng mat 3:1 (25:17, 22:25, 25:23, 25:12) geklappt. Stroossen kéint deemno den nächste Weekend mat enger weiderer Victoire säin Titel verdeedegen.
Dammen
An enger ganz serréierter Partie huet sech den Titelverdeedeger Walfer mat 3:2 (27:25, 21:25, 25:20, 19:25, 15:9) an de Sätz géint Mamer behaapt a läit domadder an der Best-of-3-Serie elo mat 1:0 a Féierung. Och hei kéint mat enger weiderer Victoire vu Walfer den nächste Weekend d'Decisioun falen.
Iwwerdeems huet sech d'Gym déi 3. Plaz am Championnat geséchert. Mat 3:0 (25:20, 25:20, 25:23) huet ee sech géint Péiteng behaapt.