E Samschdeg war den Optakt vun de Finallen an der LBBL, déi am "Best-of-5"-Modus gespillt ginn.

Resumé Basket-Championnat / Reportage Guy Seyler

Hären - Finall

Bei den Hären ënnersträicht Steesel seng Favoritteroll a wënnt den éischte Match géint Ettelbréck mat 82:72. D'Lokalekipp war gutt an de Match gestart an d'Gäscht ware fréi engem Réckstand hannendru gelaf. Zwar konnt Ettelbréck no der Paus kuerz op e Comeback hoffen, Steesel hat allerdéngs ëmmer déi passend Reaktioun an huet keng Spannung opkomme gelooss.

Bei der Amicale huet e staarke Kollektiv dem Géigner d'Liewe schwéier gemaach. Fënnef Spiller hu méi wéi 10 Punkte markéiert, de Bob Melcher koum niewent 17 Punkten och nach op 14 Rebounds. Bei de Gäscht war dogéint den Jimmie Lee Taylor (35 Punkten) ze oft op sech eleng gestallt.

Hären - Playdown

An der Ofstigsgrupp bei den Häre wannen d'Kordall Steelers auswäerts mat 89:71 géint d'Musel Pikes an hunn domat weiderhin d'Chance, an der LBBL ze bleiwen. D'Entscheedung wäert nächst Woch um leschte Spilldag falen. Well de Kordall den direkte Verglach géint d'Musel Pikes gewonnen huet, huet d'Ekipp vun der Trainerin Tara Booker nächst Woch d'Méiglechkeet, d'Pikes ze iwwerhuelen an d'Barrageplaz ze besetzen.

Dammen - Finall

Bei den Damme geet de Champion mat 1:0 a Féierung. Nodeems de Gréngewald sech an der éischter Hallschent vum Match e klenge Virsprong erausspille konnt, hu sech d'Gäscht vun Diddeleng am drëtte Véierel zeréckgekämpft a béid Ekippe si bei engem Gläichstand (46:46) an den entscheedende leschte Véierel gaangen. Um Enn wënnt d'Lokalekipp mat 62:56.

D'Amanda Cahill (23 Punkten) an d'Lauren Van Kleunen (22) hunn als Duo iwwerzeegt an dofir gesuergt, dass Hueschtert am Championnat dës Saison weiderhin ongeschloe bleift.

Souwuel bei den Damme wéi bei den Häre steet den zweete Match vun der Finall e Mëttwoch um Programm.

Dammen - Playdown