An der 3. Divisioun am franséischen Äishockey-Championnat sinn den Ament d'Véierelsfinallen amgaangen.

Den Tornado Lëtzebuerg huet den Allersmatch vun de Véierelsfinallen an der D3 a Frankräich géint Anglet 2 mat 6:2 gewonnen. Deemno hëlt een een Avantage vu 4 Goler mat op d'Atlantikküst fir de Retourmatch den nächste Weekend.

Sollt den Tornado Lëtzebuerg de Virsprong iwwert d'Ronne bréngen, da géing ee sech fir de Final Four qualifizéieren. Dëse gëtt vum 3. bis de 5. Mee zu Dijon gespillt. Hei hätt een dann d'Méiglechkeet, fir an déi zweet franséisch Divisioun ze klammen.