Den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht klappt den Houwald a Recken bezwéngt Berbuerg.

E Sonndeg waren déi éischt Halleffinallen, déi an dëser Saison eng éischt Kéier am Best-of-2-Modus gespillt ginn.

Den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht huet sech 6:3 beim Houwald duerchgesat. Duerch Victoirë vum Zoltan Fejer-Konnerth a vum Gleb Shamruk louchen d'Gäscht séier vir, duerno ass de Score ofwiesselend geklommen. Am siwente Match konnt de Maël van Dessel de virentscheedende Punkt fir Hueschtert-Folscht afueren, soudass et 5:2 fir d'Gäscht stoung. De Maël van Dessel an de Kevin Kubica hunn dunn am Dubbel de Sak zougemaach.

Am zweete Match huet sech Recken 6:4 géint Berbuerg behaapt. Beim Stand vun 2:2 huet den Thomas Keinath fir Recken de Break realiséiert, soudass Recken de Score duerno op 5:2 konnt stellen. Beim Stand vu 5:3 goung et an déi zwee Dubbelen, wou all Ekipp jee eng Partie fir sech entscheede konnt.

Den zweeten Tour ass fir nächste Sonndeg ugesat.

D'Resultater am Iwwerbléck