D'Chantal an de Pascal Comte dinn hir Lafschong nëmmen ongär aus. E Samschdeg ass déi sportlech Koppel vu Paräis de Nuetsmarathon an der Stad matgelaf.

Hien ass an der Pensioun, si huet nach ee Joer ze schaffen. All fräi Minutt, ob Weekends oder an der Vakanz, ginn d'Comtes op d'Lafpist. Zesumme sammele si zanter Jore Rekorder. D'Chantal huet bis ewell 553 Marathonen op hirer Lëscht stoen, de Pascal 783. Donieft hëlt hien awer och u sougenannten Ultra-Coursen deel, dat ass da beispillsweis ee 24-Stonne-Laf, oder eng Course vun 100 Kilometer.

Begeeschtert hunn si sech viru knapp 30 Jore fir dës Sportaart. Souwuel d'Chantal wéi och de Pascal hu fréier Fussball gespillt. Fir de Pascal koum 1993 den éischte Marathon.

"Hätt ech haut d'Méiglechkeet, eppes ze änneren, wier et dat... Ech hätt méi fréi ugefaange mat Lafen. Fir meng Lafzäit ze verbesseren a méi ee séiere Leefer ze ginn", erkläert de Paräisser. Zanter e puer Jore scho géif et fir d'Koppel bei de Coursen awer net méi em d'Zäit goen. Si si Marathon-Sammler. Zesumme si si scho méi wéi 1.300 Marathone gelaf, an dat a 47 verschiddene Länner.

Ziler fir d'Zukunft, där hunn si der awer nach e puer. Wann alles leeft wéi geplangt, wëll de Pascal 2027 säin dausendste Marathon lafen. Donieft wëllen si an esou ville Länner wéi méiglech "Centenaire" ginn, an de Kapp vun 100 Marathone knacken. Bis ewell huet de Pascal dat schonn an dräi (Frankräich, Italien an England) an d'Chantal an zwee Länner (Frankräich, Italien) gepackt.

RTL

© Rosa Clemente