De Veräin ass sech net sécher, ob den Nationalspiller aus dem Guinea-Bissau bei hinnen ugetrueden ass, oder ob hie säin Zwillingsbrudder geschéckt huet.

Am Januar huet de rumänesche Veräin den 30 Joer alen Edgar Ié, deen ënner anerem scho fir Basaksehir, Trabzonspor, Feyenoord oder Lille gespillt huet, ënner Kontrakt geholl. De Spiller selwer huet awer zanterhier ganz wéineg Partie fir de Veräin gespillt an trainéiert, wéi iAMSport schreift, meeschtens net mat der Ekipp, mä fir sech eleng. De Sportmagasinn geet dovunner aus, datt dës Decisioun geholl gi wier, well den Niveau vum Ié net gutt genuch wier. Dobäi ass hien awer dee Spiller bei Bukarest, deen am meeschte verdéngt. De Club hat investéiert, fir ofzesécheren, datt een och déi nächst Saison nach an der héchster rumänescher Liga spillt.

Wéinst der schlechter Leeschtung an dem Manktem un Talent koum de Verdacht beim Veräin op, datt si zwar den Edgar Ié kaf hunn, deen awer säin Zwillingsbrudder, deen och bei Sporting forméiert gouf, an déi rumänesch Haaptstad geschéckt huet. Nieft der Qualitéit, déi um Terrain feelt, ginn et nach verschidden aner Indicen: Den Ié, deen aktuell zu Bukarest ass, schwätzt keen Englesch, woubäi awer gewosst ass, datt den Edgar, dee jo och schonn an der Tierkei, a Spuenien an a Frankräich gespillt huet, d'Sprooch beherrscht, schreift BFMTV. Den Ié vu Bukarest schwätzt awer just Portugisesch. A weider huet sech de Spiller bis ewell ëmmer geweigert, fir seng Carte d'identité oder säi Permis ze weisen.

De grousse sportlechen Ënnerscheed tëscht den Ié-Zwillingen ass dann einfach z'erklären: Wärend den Edgar a verschiddene Spëtzendivisioune gespillt huet, ass den Edelino ni wierklech iwwert déi ënnescht Klassen a Portugal erauskomm.

Wéi kann een de Problem klären? Déi Fro hu sech déi Responsabel vun Dinamo wuel schonn e puer Mol gestallt. Ma nodeem de Spiller wuel keng Piece d'identité wëll weisen, dat op alle Fall behaapt e rumänesche Sportjournalist, kéint de Veräin elo en DNA-Test ufroen, fir all d'Zweiwel aus dem Wee ze raumen.