Den FC Déifferdeng feiert no enger 1:0-Victoire um Progrès den éischten Championstitel an der Veräinsgeschicht.

FC Déifferdeng ass Champion - Reportage vum Serge Olmo

Déi Déifferdenger konnte sech an engem ganz engagéierten an terribel hektesche Match duerchsetzen. Fussballeresch war dësen Duell allerdéngs enttäuschend. Den entscheedende Gol gouf vum Buteur Jorginho markéiert.

No der Finall vun der Coupe en Donneschdeg, wou de Progrès gefeiert huet, war et de Méindeg den Owend um Rival FC Déifferdeng, fir mat Supporter, Staff an Dirigenten den éischte Championstitel ze feieren.

Virum Déifferdenger Derby tëscht dem neie Coupegewënner Progrès Nidderkuer an dem Tabelleleader FC Déifferdeng war et evident, datt et am Fall vun enger Victoire vum FCD03 den 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht wier.

D'Virgänger vum FC Déifferdeng an zwar déi Déifferdenger Red Boys konnte 6 Mol de Champion fäerdeg bréngen an dat fir d'lescht am Joer 1979.

Obwuel de Progrès scho virum Match seng Objektiver ageléist hat mam Erreeche vun enger europäescher Plaz an en plus dem Gewënn vun der Coupe, war et kloer, datt déi Nidderkuerer absolut wollten evitéieren, datt de Rival FC Déifferdeng op hirem Terrain de Championstitel géif feieren.

Virun 1.949 Spectateuren war den Ufank vun der Partie ganz equilibréiert. D'Lokalekipp hat eng éischt kleng Golchance mam Issa Bah no 10 Minutten, ouni awer de Romain Ruffier a Schwieregkeeten ze bréngen.
An der 20. Minutt hate sech Gemidder erhëtzt no engem relativ normalen Duell. Et koum zu enger Ruddelbildung. Den Arbitter Jérémy Muller huet natierlech missten intervenéieren. D'Resultat war datt 4 giel Kaarte matenee gewise goufen, wat éischter rare ass. Fir d'Nidderkuer goufen de Metin Karayer an de Walid Jarmouni verwarnt. Beim Géigner waren et den Ulisses Oliveira an den Juan Bedouret. Muncher een huet vun Derbyfeeling geschwat.

Kuerz drop hat den Jorginho no enger fester Flank zimmlech geféierlech fir den Tabelleleader gekäppt.
Knapp eng Véierelsstonn nom éischten hektesche Moment gouf et an der 34. Minutt nees eng Ruddelbildung. Dës Kéier gouf 2 Mol giel gewisen. De Chris Libohy vum Progrès an de Ludovic Rauch vum FCD03 goufe verwarnt. Elo war et definitiv e bëssen ze vill Derbyfeeling.

Béid Ekippen hate leider bis d'Paus vergiess, Fussball ze spillen.

An der 43. Minutt huet den Arbitter decidéiert, datt den Déifferdenger Kevin D'Anzico eng Réckpass gemaach hätt. Et gouf deemno en indirekte Fräistouss fir de Progrès ze schéissen aus 6 Meter. Den Sofian Daham huet ofgezunn. Den Déifferdenger Kapitän Geoffrey Franzoni huet op der Linn gerett. Fir d'Progrès-Supporter mat der Hand. Fir den Arbitter war et regulär.

D'Säite goufe mat 0:0 gewiesselt no 7 Minutten Nospillzäit a 7 giele Kaarten.

4 Minutte nom Säitewiessel an no engem Feeler vum Progrès bei der Relance war de Buteur Jorginho eleng virum Goalkeeper Latik. De Schoss vum Stiermer war net optimal, d'Parad vum Eldin Latik war richteg gutt.
De Progrès hat et mam Kenny Mixtur an der 57. Minutt probéiert. De Kappball war awer net kadréiert.
No 61 Minutten an enger Pass vum Franzoni huet de beschte Buteur vum Championnat Jorginho den 0:1 markéiert. Et war dat de 24. Gol vum Stiermer an ee vu sengen allerwichtegsten.

Nom Gol gouf de Match kuerz ënnerbrach, well verschidden "Artisten" Bengaloen op den Terrain geschoss hunn.

Eng Dose Minutte nom Gol gouf den Artur Abreu vum FCD03 agewiesselt. De fréiere Péitenger, deen dacks mat Verletzunge geplot war, war ganzer 15 Sekonnen um Terrain a do huet hien no engem Duell vum Terrain misste gedroe ginn. Dat hat net gutt ausgesinn.

Et ass kee Spillrhythmus méi opkomm. Nom Coupegewënn vum Progrès vun der leschter Woch ass et elo de Championstitel fir den FC Déifferdeng. D'Gemeng Déifferdeng huet domadder dës Saison den nationale Fussball kloer dominéiert.

Hei den Iwwerbléck iwwer de Championnat