Keng UEFA-Lizenz - Geet de Swift Hesper an Appell?

© Val Wagner
4 Lëtzebuerger Futtballveräiner, dorënner de Swift Hesper, krute keng UEFA-Lizenz fir déi nächst Saison.
De Swift wollt sech bis en Dënschdeg Zäit ginn, fir ze decidéieren, ob ee géint dës Decisioun an Appell geet oder net.
De Swift Hesper huet an 3 Fäll géint d'Oplage vun der europäescher Futtballfederatioun verstouss, dorënner ze spéit Bezuele vu Salairen un d'Personal, dat bis ee Stéchdatum vum 31. Mäerz, wou d'Paie bis Enn Februar hu misste bezuelt sinn. An der Vergaangenheet hat een do nach ee Sputt vun dräi amplaz engem Mount. Laang ass et also duergaangen, wann ee virgewisen huet, datt d'Salairë bis Enn Dezember bezuelt goufen. Hei ass d'Reegel vun der UEFA also däitlech méi streng ginn an dat huet de Misär fir Hesper gréisstendeels mat sech bruecht. Mir erënneren eis, datt am Februar eng Partie Spiller gestreikt haten, well d'Salairen net bezuelt goufen. Donieft hat de Swift och Retard bei de Paiemente bei de sozialen a steierlechen Administratiounen. De Champion vun 2023 dierf Stand elo deemno net un der Conference League deelhuelen, fir déi ee sech iwwert de sportleche Wee qualifizéiert huet, esou de President Fernand Larosche de Weekend géintiwwer RTL.
"Stellt Iech emol vir, mir hätten och nach d'Coupe-Finall gewonnen, dat wier jo nach méi tragesch. Mir mussen elo kucken, wéi mir do erauskommen, mä et ass awer kee Weltënnergang."
Kee Weltënnergang, ma awer ee gudde Pak Suen, deen an dësem Fall dierft feelen. Nieft der Zomm vun 325.000 Euro, déi een duerch een Tour an der Conference League kritt hätt, kann een och ouni UEFA-Lizenz net komplett vum Subsid profitéieren, deen all Joer vun der UEFA un d'FLF iwwerwise gëtt an deen da vun der Lëtzebuerger Federatioun op d'Veräiner iwwerdroe gëtt. Dëse Subsid war dës Saison bei 1,6 Milliounen Euro a gëtt generell iwwert sougenannte Schlësselen, besser gesot Richtlinnen, un d'Clibb verdeelt. Och hei dierft dem Swift eng héich fënnefstelleg Zomm feelen.
Ob Hesper an Appell geet oder net an a leschter Instanz souguer géif bis virun dat Internationaalt Sportsgeriicht op Lausanne goen, war um Dënschdeg de Moien net erauszefannen, well mir keng Reaktioun vum Swift kruten. Rezent Beispiller vun änleche Fäll haten awer virum CAS kee Succès.
Fir de Lëtzebuerger Futtball bleift déi véiert europäesch Startplaz awer bestoen. Den Ament géif Stroossen als Tabellefënneften noréckelen an d'nächst Saison an der Conference League untrieden.