Den Dany Mota, dee bis 2016 zu Lëtzebuerg opgewuess a gespillt huet, ass net vum portugiseschen Nationaltrainer Roberto Martinez fir d'EM nominéiert ginn.

De Luc Holtz huet déi lescht Joren ëmmer erëm probéiert, de Stiermer vu Monza ze iwwerzeegen, fir d'Rout Léiwen ze spillen. Déi lescht Ufro gouf et fir d'Nations-League-Playoff-Halleffinall. Um Enn stoung de fréiere Péitenger awer den 21. an de 26. Mäerz am portugisesche Kader fir d'Matcher géint Schweden a Slowenien.

Domadder muss den Dany Mota op säin éischten offizielle Match waarden a kann theoretesch nach ëmmer fir Lëtzebuerg oplafen.

Bei deene 26 Spiller, déi de Roberto Martinez* fir d'EM an Däitschland nominéiert huet, ass och den 39 Joer ale Cristiano Ronaldo.

*An enger éischter Versioun vum Text stoung den Numm falsch dran.