Aus dem nationale Futtball ass et e Mëttwoch d'Nouvelle, datt de Swift Hesper sech vu sengem Trainer Roland Vrabec getrennt huet.

Deemno wäert den Däitsche fir d'Saison 2024/2025 net méi op der Trainerbänk um Holleschbierg sëtzen. De 50 Joer ale Vrabec hat den Trainerposten am November iwwerholl. Wie säi Successeur gëtt, ass bis elo nach net bekannt.

No enger enttäuschender Saison ass fir de Swift um Enn nëmmen déi zweete Plaz am Championnat erausgesprongen.
An der Coupe-Finall huet ee géint Nidderkuer am Eelefmeterschéissen de Kierzere gezunn.