D'Lëtzebuerger Volleyball-Hären hu sech um Samschdeg mat 3:2 géint den Aserbaidjan duerchgesat. D'Dammen hunn och mat 3:2 géint Island gewonnen.

D'Lëtzebuerger Hären haten am Match géint Aserbaidjan de bessere Start erwëscht. Den 1. Saz goung mat 25:20 un d'Rout Léiwen. An der 2. Manche huet den Aserbaidjan zréckgeschloen a konnt se mat 25:22 gewannen. Den nächste Saz goung mat 25:21 un d'Gäscht.

D'Rout Léiwen hunn net opginn a sech am 4. Set nees gesteigert. Mat 25:17 goung dee Saz u Lëtzebuerg. An der entscheedender leschter Manche huet Lëtzebuerg mat 15:11 d'Iwwerhand behalen. Et war déi éischt Victoire an der 5. Partie an der Golden League.

D'FLVB-Dammen hunn no engem 0:2-Réckstand an de Sätz d'Partie gedréint a mat 3:2 géint Island d'Iwwerhand behalen. Déi éischt zwou Manchë gounge mat 25:21 a 25:18 un Island. An der Suite hunn d'Rout Léiwinnen awer en anert Gesiicht gewisen an den 3. an de 4. Saz knapp mat 25:23 a 27: 25 fir sech entscheet.

Am decisive leschte Set huet Lëtzebuerg d'Nerve behalen a sech ganz knapp mat 16:14 duerchgesat. Fir Lëtzebuerg war et déi 2. Victoire am 6. Match an der Silver League.