D'Union Réimech/Bous setzt sech verdéngt mat 2:0 géint d'Green Boys Harel-Tarchamps duerch a spillt soumat och an der Saison 2024-2025 an der 1. Divisioun.

Union Réimech/Bous 2-0 Green Boys Harel-Tarchamps
1:0 Kartheiser (47'), 2:0 Ibrahimovic (82')

No engem nervöse Start op béide Säite waren et d'Männer vun der Union, déi duerno besser an d'Partie koumen. No knapp 13 gespillte Minutten hate si dunn och déi éischt gutt Geleeënheet vum Match. No engem Feeler vum Mendes haten et fir d'éischt de Werner an duerno den Ibrahimovic probéiert, de Ball ass awer ëmmer erëm un engem Defenseur hänke bliwwen.

Bei de Green Boys hat et iwwerdeems bis zur 22. Minutt gedauert, éiert si geféierlech an Aktioun getruede waren, ma dem Mhibik säi Schoss aus spatzem Wénkel goung um Enn awer laanscht de Potto.

Kuerz virum Téi gouf et dunn nach ee flotte Schoss vum Ferro Bernardo aus der Distanz, den Albers konnte dëse Versuch awer paréieren an deementspriechend goung et och mat engem 0:0-Remis an d'Kabinnen.

Virun den Ae vum FLF-President Paul Philipp goung et nom Säitewiessel direkt héich hier. An der 47. Minutt konnt Réimech/Bous hei no engem Corner a Féierung goen. Dem Ferro säi Ball an den Zentrum koum op de Kapp vum Kartheiser, dee sech am 5-Meter-Raum behaapte konnt an de Ball iwwer d'Linn gedréckt hat.

Virun 1.311 Supporter ass d'Partie duerno staark verflaacht, vun de Green Boys koum virun allem offensiv ze wéineg a Réimech/Bous stoung defensiv laang sécher.

No 76 gespillte Minutte koum Harel-Tarchamps nach eng Kéier virun de Gol vum Aalala, ma dëse konnt de Schoss vum Delgado mat engem gudde Reflex paréieren.

D'Entscheedung huet duerno awer net méi laang op sech waarde gelooss. No engem laange Ball an d'Spëtzt koum den Ibrahimovic am Strofraum un de Ball an huet dëse ganz iwwerluecht laanscht den Albers an de Gol gesat.

An der Nospillzäit hunn d'Green Boys nach eng Kéier gedréckt, ma um Enn blouf et awer bei der ënnert dem Stréch verdéngter 2:0-Victoire fir Réimech/Bous, déi de Maintien soumat nach realiséiert hunn. Fir Harel-Tarchamps steet deementspriechend eng weider Saison an der 2. Divisioun um Programm.