Ni Xia Lian qualifizéiert, Sarah De Nutte a Luka Mladenovic normalerweis och

© RTL
Déi offiziell Confirmatioun kënnt dann en Dënschdeg. Eréischt dann ass et ganz sécher, dass déi 3 qualifizéiert sinn.
No enger laanger a komplizéierter Qualifikatioun wäerten Ni an De Nutte hir leschte Chance notzen a sech am Dammen-Eenzel zwou vun de ronn 12 bis 13 leschte Weltranglëschte-Plazen sécheren. De Stéchdatum ass wuel eréischt den 18. Juni, mee no de leschte Resultater des Woch vum "WTT Star Contender"-Tournéier zu Ljubljana, steet theoretesch fest, dass den COSL héchstwarscheinlech 3 weider Tickete fir Paräis buche kann.
Beim Ni Xia Lian war et och mat hire 60 Joer scho méi laang gewosst, dass si mat der aktueller Weltranglëschte-Positioun 53 ganz gutt Chancen hätt, eng vun de 67 Plazen am Tableau ze kréien. Domadder bleift si bei hirer 6. Participatioun déi eelsten Dëschtennisspillerin vun allen Zäiten, déi bei de Spiller untrëtt.
Beim Sarah De Nutte (WR 92) war et bis lo net gewosst, op et géif duergoen, mee 3 vun hiren direkte Konkurrenten hunn des Woch zu Ljubliana net déi néideg Resultater realiséiert, fir laanscht d'Lëtzebuergerin ze kommen. Domadder géif sech déi 31 Joer al Profispillerin fir déi zweete Kéier fir Olympia qualifizéieren.
Beim Luka Mladenovic war et och immens knapp. Tëschent Dezember an haut huet hie sech ëm ronn 100 Plazen am Ranking verbessert. Virum Turnéier a Slowenien louch hien op der zweetleschter Qualifikatiounsplaz. Mee och nom Out am zweeten Tour vun der Virronn ass et no eise Rechnungen duer gaangen. Paräis wier der Lëtzebuerger 1 bei den Hären seng éischt Participatioun fir d'Summerspiller.
Déi offiziell Confirmatioun kënnt dann en Dënschdeg. Eréischt dann ass et ganz sécher, dass déi 3 qualifizéiert sinn.