E Freideg war et d'Suite vum 2. Spilldag vun der Gruppephas bei der Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland.

Um 15 Auer huet d'Partie Slowakei géint d'Ukrain den Optakt gemaach. Hei huet d'Ukrain de Match gedréint a sech mat 2:1 behaapt. An der Partie vun 18 Auer konnt sech dann Éisträich mat enger 3:1-Victoire géint Polen nach eng Chance op eng Plaz an den 1/8-Finallen halen. Polen ass dogéint eliminéiert. Um 21 Auer gouf et mam 0:0 tëscht Frankräich an Holland den éischte Match op dëser EM, deen ouni Goler op en Enn gaangen ass.

0:0 tëscht Holland a Frankräich, wichteg Victoire fir Éisträich a Succès fir d'Ukrain / De Resumé vum Gilles Tricca

Grupp E: Slowakei - Ukrain 1:2

1:0 Schranz (18'), 1:1 Shaparenko (54'), 1:2 Yaremchuk (80')

D'Slowakei ass besser an de Match komm an ass an der 18. Minutt duerch de Schranz verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. Nom Gol hunn d'Slowaken der Ukrain de Ball méi iwwerlooss. D'Ukrainer konnten awer net direkt eppes domadder ufänken a si géint déi gutt sortéiert slowakesch Ekipp net wierklech ukomm. No gutt 30 Minutten huet sech d'Ukrain gesteiert a konnt sech bis d'Paus ëmmer nees geféierlech Chancen erausspillen. E Gol ass awer net méi gefall, sou datt et mam 1:0 fir d'Slowakei op den Téi gaangen ass.

No der Paus ass et der Ukrain gelongen, fir de Match ze dréinen. An der 54. Minutt ass der Ekipp vum Rebrov den Ausgläich gelongen. Eng schéin erausgespillt Chance huet de Shaparenko um Eelefmeterpunkt verwandelt. Domadder war de Match nees op. Nom Ausgläich huet d'Ukrain weider no vir gespillt. D'Slowakei huet sech dogéint éischter zeréckgezunn a sech schwéier gedoen, fir zu geféierlechen Aktiounen ze kommen. An der 80. Minutt huet et dann och nees an hirem Gol gerabbelt. No engem schéine Pass an d'Déift huet de Yaremchuk de Ball laanscht de slowakesche Golkipp an de Filet gesat. Um Enn ass et beim 2:1 fir d'Ukrain bliwwen. Domadder behält d'Ukrain no der Néierlag géint Rumänien d'Chance op d'Aachtelsfinallen.

An der Tabell vum Grupp E steet Rumänien mat dräi Punkten no engem Match op der éischter Plaz. D'Slowakei an d'Ukrain hunn no zwee Matcher dräi Punkten um Konto. An d'Belsch steet mat 0 Punkten no engem Match op der véierter Plaz.

Grupp D: Polen - Éisträich 1:3

0:1 Trauner (9'), 1:1 Piatek (30'), 1:2 Baumgartner (66'), 1:3 Arnautovic (78')

D'Partie am Berliner Olympiastadion war vun Ufank un intensiv a kierperbetount. Déi zwou Ekippe wollten no den Defaiten um 1. Spilldag eng Reaktioun weisen an dat hu si um Terrain och gemaach. Virun allem Éisträich war fréi geféierlech no vir komm an huet an der néngter Minutt dann och den 1:0 markéiert. No enger präziser Flank konnt de Gernot Trauner de Ball mat engem grad sou präzise Kappball eraschéissen. Polen huet doropshin allerdéngs net de Kapp hänke gelooss. Mat vill Beméiungen ass sou gutt 20 Minutte méi spéit duerch de Krzystof Piatek den 1:1-Ausgläich gefall. Mat deem Spillstand ass et no 45 animéierte Minutten an d'Vestiairë gaangen.

Änlech animéiert ass et dann och nom Säitewiessel weidergaangen, wou et zu villen Zweekämpf am Mëttelfeld komm ass. An der 66. Minutt ass den Éisträicher dann nees d'Féierung gelongen, nodeems de Christoph Baumgartner aus ronn 15 Meter de Golkipp bewältege konnt. Vu Polen ass elo net méi genuch komm. Éisträich huet weider gedréckt a krut gutt 10 Minutte viru Schluss een Eelefmeter gepaff. De Marko Arnautovic ass hei ugelaf an huet sécher op den um Enn decisiven 3:1 gestallt.

Am Grupp D gëtt et fir Polen also no zwou Defaiten keng Chance méi op eng Plaz an den 1/8-Finallen. Anescht gesäit dat allerdéngs fir d'Ekipp aus Éisträich aus, déi mat den éischten dräi Punkten um leschte Spilldag weider ëm en Ticket fir d'K.O.-Phas hoffe kënnen.

Grupp D: Holland - Frankräich 0:0

Zu Leipzig sinn déi zwou Ekippe mat engem oppene Viséier an de Match gestart. Net laang huet et gedauert, bis et déi éischt Chancen op béide Säite gi sinn. Déi bescht Occasioun gouf et no enger gudder véierel Stonn, wéi den Adrien Rabiot sech fräi virum Golkipp rëmfonnt huet. De Fransous huet sech dann awer net fir de Schoss, ma fir eng Pass decidéiert, déi den Antoine Griezmann net verwäerte konnt. Mat der Zäit huet de Match dann ëmmer méi u Vitesse an och Präzisioun verluer. Vill Ballverloschter an aner Ongenauegkeeten hunn der Qualitéit vum Match net gutt gedoen. Mat engem zimmlech schwaachen 0:0 ass déi éischt Hallschent op en Enn gaangen.

No der Paus huet sech um Spillverlaf ufanks quasi näischt geännert. Et hat ee bëssen den Androck, wéi wa sech béid Ekippe scho mat engem 0:0 offonnt hätten. No an no hunn d'Fransousen dann ëmmer méi dacks en Effort gemaach, fir den Ofschloss ze sichen. Eng richteg Gefor fir e méigleche Gol ass dobäi awer net entstanen. De Gol ass no der liichter franséischer Drockphas dann op där anerer Säit gefall, ma op Grond vun enger indirekter Abseitspositioun, gouf den 1:0 fir Holland net ziele gelooss. Och d'Schlussphas huet un der néideger Intensitéit vermësse gelooss, sou datt eng Decisioun fir eng vu béiden Ekippen net gefall ass. Um Enn deele sech Frankräich an Holland mam éischten 0:0 vun der EM d'Punkten.