Schwamm-EM zu Belgrad
João Carneiro op Plaz 28 iwwer 50m Brasse

© AFP (Archiv)
E Freideg war ee Lëtzebuerger op der Schwamm-EM zu Belgrad a Serbien am Asaz.
De João Carneiro ass e Freideg de Moien an de Virleef iwwer 50 Meter Brasse eng Zäit vun 28 Sekonnen an 71 Honnertstel geschwommen. Domadder ass hien am Schlussklassement op déi 28. Plaz komm. Fir hien ass et deen zweetséierste Chrono, deen hie jee a senger Karriär geschwommen ass.
E Samschdeg de Moie sinn de Rémi Fabiani, de Julien Henx an de João Carneiro iwwer 50 Meter Crawl am Asaz. Donieft ass de Finn Kemp iwwer 200 Meter 4 Nages gefuerdert.
Am meeschte gelies